Andeems hien de Geoportal benotzt, erkennt de Benotzer implizit un, dass d'ACT hiren Verpflichtungen gerecht gëtt wat d'Berodung an Informatioun iwwert d'Haaptcharakteristiken vun de Servicer déi am Geoportal ugebuede ginn, ugeet, an dass d'ACT ausräichen informatesch a kommunikatiounstechnesch Mëttel zur Verfügung stellt, fir dass hien des Servicer notze kann.
Och wann ee Support-Service ugebuede gëtt, bedeit dat nit dass eng Verpflichtung besteht a Problem effektiv geléist ze kréien.
Weder d'ACT nach den Centre des Technologies de l'Information de l'Etat CTIE iwwerhuelen eng Verantwortung wann d'Uwendung nit disponibel ass oder den Internetréseau nit gutt funktionéiert, respektiv am Fall vu Stéierungen wéinst technesche Problemer iwwert déi si nit d'Maîtrise hunn.
Den Zougang op de Geoportal gëtt nit garantéiert. D'ACT behällt sech virun allem d'Recht vir, den Zougang zäitweileg ze blockéieren, zum Beispill fir Maintenance oder bei Sécherheetsproblemer. Des Nit-Verfügbarkeet gëtt kee Recht op Schuedensersatz a kann a kengem Fall iergend eng Verantwortung vun der ACT mat sech bréngen.
D'ACT mecht alles wat méiglech ass fir ze verhënneren dass Ugrëff iwwert Internt d'Déngschter vum Geoportal kënnen stéieren oder aneren Schued uriichten, an dass Schuedprogrammer an d'Geoportalinfrastruktur andréngen. Awer et kann dozou keng Garantie gi ginn, an d'ACT ass nit verantwortlech wann wéinst sou Problemer Schued entsteet.
D'ACT an den CTIE iwwerhuelen keng Verantwortung an leeschten keen Schuedensersatz bei indirektem Schued wéi z. B. finanziellen a komerzielle Schued, Clientsverloscht, Verloscht vu Maarktundeler, algemeng komerziell Problemer, Käschtenerhéijhung, Gewënnverminderung, Schued vun der Image de marque, Verloscht vun Daten, Dateien oder Programmer déi aus Problemer an den Geoportal-Déngschtleeschtungen oder duerch Benotzen vun Informatiounen déi iwwerdroen ginn, entstinn. E Geriichtsverfahren géint de Benotzer duerch een Drëtten gëtt als indirekte Schued ugesinn, a kann also nit Objet vun Entschiedegungen sinn.
D'ACT behält sech d'Recht vir, fir Benotzerkontoen ze spären wann Frauden festgestallt ginn.
De Geoportal kann un den individuellen Benotzer an sech Rechter ugepasst ginn. Et ass awer verbueden fir eventuell Fehler am Sécherheetssystem auszenotzen fir Aktiounen duerchzeféieren déi engem nit zoustinn.
Den Zougang zum Geoportal geschitt iwwert den Internet. Andeems hien de Geoportal benotzt, erklärt de Benotzer dass hien d'Risiken vum Internet kennt an akzeptéiert. Hien muss sech selwer schützen géint Internet-Piraterie andeems hien eng ugepassten Configuratioun gebraucht, ënnert anerem e Firewall an e Virescanner. Den Lëtzebuerger Staat iwwerhëllt keng Verantwortung bei Schied déi duerch sou Problemer entstan sinn bei der Navigatioun um Geoportal.