Dach, et ass méiglech am Menü
“Optiounen” (Uewe Riets) zwëschen 3 Kaarteformater ze wielen :
Méi dozou: FR dimension_de_la_carte_affichee
Dir hutt Iech wahrscheinlech mat den Lokalisatiounsfunktiounen op d'Gemeng Lëtzebuerg zentréiert, an dann markéiert de Geoportal effektiv den ganzen Terrain vun der jeweileger Gemeng mat enger gieler Fläch. Déi Fläch kann een, genau sou wéi di Markéierungen vun denen aneren Lokaliséierfunktiounen (Parzell, Lokalitéit) wegmaachen andeem een op dee Knäppchen zimmlech ënnen dréckt
“D'Auswiel läschen”.
Am Produkt “Extrait aus dem Kadasterplang (Commodo-Incommodo Prozedur)” ass automatesch och de relevé parcellaire dobäi vun den Parzellen déi vun der Prozedur betraff sinn. Et muss een deen also nit separat bestellen.
Jo, nëmmen registreiert Benotzer mat engem Passwuert kënnen op de Menü “Bestellen” zougréifen an do eng Bestellung maachen. Domatter ass garantéiert, dass de Client d'legal Bedingungen fir den Geoportal respektéiert an dass bei der Kadasterverwaltung d'Liwweradress bekannt ass.
Sou een Ënnerkonto kann vum Haaptkonto deem séng Extra-Rechter ierwen, wann den Verwalter vum Haaptkonto déi Rechter activéiert huet. Am Fall vun der Kaartefënster kënnen dat z.B. extra Layere sinn, déi nit public sinn, manner Restriktiounen bei der Iwwerlagerung vu Layeren oder bei dem verfügbaren Massstabsberäich. Am Katalog kënnen z.B. nit öffentlech, intern oder provisoresch Produkter siichtbar sinn.
An deem Sënn kann sou ee Konto brauchbar sinn, awer effektiv, wann den Haaptkonto selwer keng speziell Rechter an denen Beräichter huet, dann huet den Ënnerkonto de facto nit méi Méiglechketen wéi de Grand Public, deen nit ageloggt ass.
Et ass onméiglech fir een eenzegen Zäitraum unzeginn well :
Ee wichtege Faktor ass d’Bezuelen : soulaang eisen ePaiement-Modul nach nit aktiv ass, ginn klassesch Rechnungen opgestallt a mat der Post verschéckt. En attendant dass se bezuelt gëtt bleiwt d’Bestellung suspendéiert, a soubal d’Rechnung bezuelt ass, ginn déi bestallte Saache geliwwert. Fir professionell Client’en vun der Kadasterverwaltung gëtt et eng Méiglechkeet fir dese Prozess méi séier ze maachen : andeems si ufroen fir ee Konto an der Keess vum Kadaster ze kréien, kënnen hir Rechnungen während engem ganze Mount gesammelt ginn an dann a Form vun enger eenzelner Gesamtrechnung 1 x pro Mount verschéckt ginn.
Et ass wouer dass Bestellungen am Geoportal (nach) nit ganz automatesch oflafen, an domatter nit « instantané » sinn, wéi Dir et vläicht gewinnt sidd vu verschidden anere Siten. Dat läit dorunner, dass d’Prozeduren beim Fournisseur vum genannte Produkt (Kadasteramt) verschidden manuell Etappen virgesinn. Awer vis-à-vis vun enger Bestellung via Post an och wéinst der deelweis automatiséierter Datenextraktioun misst eng Bestellung iwwert de Geoportal méi séier oflafen wéi eng « klassesch ».
Den Devis funktionéiert d’selwescht : Verschidden manuell Etappen sinn och hei, wéi z.B. d’Präisberechnung an d’Validatioun vum Supérieur hiérarchique. Soubal den Devis fäerdeg ass, gëtt de Résumé vun der Bestellung/Devis aktualiséiert an Dir kënn mat Ärem Login dese Résumé an den Devis kucke goen am Geoportal, ënnert « Meng Bestellunge verwalten ». Fir doraus eng Bestellung ze maachen, geet dat mat e puer Klicken (Klick op de Caddie niewent dem Résumé, Case « Bestellung » cochéieren a fortschécken).
Zu de Präisser : Kuckt w.e.g am entspriechende Règlement Grand-Ducal no, oder waart op den Devis deen Dir ugefrot hutt.
Bezuelen : Soulaang eis ePayement Léisung nach nit aktiv ass, geschitt d’ Bezuelung ganz klassesch. Bei all Bestellung gëtt eng Rechnung mat der Post geschéckt a gewaart bis ze bezuelt ass. Réicht dann gëtt alles geschéckt oder fräigeschalt fir den Download.