User Tools

Site Tools


lu:mcg_1

15. Bedingungen fir d'Benotzung

15.1 Allgemenges

  • A Konformitéit zu de Gesetzer an Réglementer iwwert d'Administration du Cadastre et de la Topographie, an der Folleg ACT genannt, stellt d'ACT den Staats- a Gemengenverwaltungn, de Privatbetrieber an dem allgemengen Bierger de Geoportal zur Verfügung op der Website www.geoportail.lu.
  • De Benotzer kann doranner iwwert den Internet:
    • Sech informéieren an de Katalogen iwwert Geodaten, Geoprodukter an Geodate-Webservicen déi vun den verschiddenen offiziellen Instanzen vu Lëtzebuerg kommen.
    • Geodaten an de Kaartefënstere kucken
    • Devis'en ufroen a Geoprodukter bestellen
    • Geoprodukter, Geodaten an Geodaten-Webservicen ubidden
    • Direkt online op Geodaten zréckgräifen iwwert standardiséiert Geodaten-Webservicer, déi d'Liwweranten vum Geoportal zur Verfügung stellen
  • Des Bedingungen fir d'Benotzung beschreiwen d'Bedingungen ënnert denen d'ACT, Verantwortlech fir den Ënnerhalt vum Geoportal, desen zur Verfügung stellt.
  • De Benotzer erklärt dass hien déi technesch Viraussetzungen fir d'Benotzung vun den Servicer vum Geoportal kennt, an dass hien all néideg Informatioun iwwert d'Servicen, hir Eegeschaften, hir Funktiounen an technesch Modalitéiten kritt huet, déi hien braucht fir se ze benotzen.
  • D'ACT behält sech d'Recht fir des Bedingungen ze änneren ouni explizit Matdelung.

15.2 Servicer vum Geoportal

15.2.1 Public cible

  • Le géoportail est destiné à l'usage :
    • des administrations étatiques, régionales et communales nationales et étrangères
    • des entreprises et organisations ayant un besoin en matière de géodonnées
    • du grand public en général

Il constitue une plateforme d'échange de géodonnées, géoproduits et géoservices.

  • Sont considérées comme géodonnées des fichiers informatiques contenant des informations structurées ayant un lien spatial univoque. Sont considérés comme géoproduits toutes sortes de documents tels que cartes, plans, extraits ou autres, qui se basent sur les géodonnées. Sont considérés comme géoservices des programmes informatiques capables de servir sur demande des géodonnées.

15.2.2 De Katalog vun de Geoprodukter, de Geodaten an de Webservicer

  • De Geoportal bitt e Katalog un mat Informatiounen iwwert Geoprodukter, Geodaten an Geodaten-Webservicer.
  • All Objet am Katalog ass mat Hëllef vu Metadaten beschriwwen, déi den internationalen Normen entspriechen.
  • D'Informatiounen (Metadaten) an de verschiddenen Partien vum Katalog kommen vun verschidden Liwweranten déi mam Geoportal zesummeschaffen. Fir des Informatiounen kann ënnert kengen Ëmstänn de Verwalter vum Geoportal verantwortlech gemaach ginn.
  • D'Inhalter am Katalog ersetzen ënnert kengen Ëmstänn d'legal Texter. Am Fall vum Lücken oder Widersprëch mat den Inhalter vun Gesetzer a Reglementer, hunn des ëmmer Virrang.
  • De Katalog enthält Informatiounen a 4 Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch. De Bedreiwer vum Geoportal iwwerhëllt keng Verantwortung wa Problemer entstinn déi op falsch Iwwersetzungen oder Widersprëch zwëschent de verschiddenen Sproochenversiounen zréckzeféiere sinn.

15.2.3 Geodaten online kucken

  • De Geoportal bitt ee Kaartefënster an deem Geodaten iwwert den Territoire vum Grand-Duché kënne gekuckt ginn, a Form vun mulit-layer Kaarten.
  • Déi ugewisen Inhalter kënnen a kengem Fall benotzt ginn als Informatiounen mat rechtlechem Wäert bei Geriichtsprozeduren. Den Inhalt vun den Daten an der Kaartefënster, hir Vollstännegkeet, Aktualitéit, Präzisioun, Dimensioun oder Qualitéit kann niemools Garantien ginn iwwert déi effektiv Zoustänn um Terrain. D'ACT an déi aner Liwweranten vum Geoportal weisen all Responsabilitéit vun sech, am Fall wou déi ugewisen Geodaten Widersprëch mat der Realitéit opweisen, an och speziell am Fall wou duerch des Ënnerscheder Schued entstan ass.
  • D'ACT behaapt nit, dass all Geodaten aus ëffentlecher Hand an der Kaartefënster ze gesinn ass, mee et ass een erklärtent Ziel, sou vill wéi méiglech vun denen wichtegen Inhalter doranner opzehuelen.

15.2.4 Geoprodukter online bestellen

  • De Geoportal bitt authentifizéierten Benotzer d'Méiglechkeet fir online Devis'en vu Geoprodukter unzefroen an Geoprodukter online ze bestellen.
  • D'Bestellfunktioun ass nëmmen disponibel fir Benotzer déi beim Verwalter vum Geoportal ageschriwwe sinn, an déi e Benotzernumm a Passwuert kritt hunn.
  • D'Aktiounen déi mat engem Benotzernumm an Passwuert vun engem Benotzer gemaach ginn, engagéieren den Inhaber vum Benotzerkonto. Ennert anerem ass hien fir all Bestellung verantwortlech.
  • En Inhaber vun engem Benotzerkonto däerf säi Benotzernumm a Passwuert nit weiderginn un Drëtter.
  • Bestellungen am Geoportal vun digitalen Daten déi iwwert Download solle geliwwert ginn, bleiwen nom éischten Eroflueden nach 7 Deeg op dem Geoportal erhalen, fir dass sécher ass, dass de Client séng Daten erofluede kann, och wann Problemer mat der Internet-Verbindung optrieden. Dono ginn des Dateien automatesch geläscht.
  • Nit erofgelueden Dateien ginn no 1 Jor automatesch geläscht ouni Warnung an ouni Recht op Ersatz.
  • Bei online-Bezuelung (epayment) muss de Client sech un d'Bedingungen vun eise Partnerorganisatiounen CETREL an saferpay halen.

15.2.4.1 Conditions spécifiques relatives à l’acquisition et l’utilisation de données cadastrales

  • Certaines données sont soumises à des conditions d’obtention définies dans le règlement grand-ducal du 9 mars 2009 portant fixation des conditions et modalités de délivrance de la documentation cadastrale.
  • L’utilisateur reconnaît que le traitement de certaines données fournies par l’administration peut être soumis aux dispositions de la loi du 2 août 2002 relative à la protection des personnes à l’égard du traitement des données à caractère personnel, telle qu’elle a été modifiée, notamment en ce qui concerne l’interconnexion de données.
  • L’utilisateur confirme avoir pris connaissance du format d’échange des données pour lesquelles il sollicite, par sa commande, une concession de droits d’utilisation auprès de l’administration. Aucune réclamation ultérieure portant sur le fait que le format des données choisi soit inadapté au besoin de l’utilisateur ne pourra être prise en compte.
  • L’administration se réserve le droit de mettre à jour les données sans en avertir l’utilisateur, qui par la suite n’aura aucun droit de dédommagement, ni de remplacement des données.
  • Toute transmission de données à un tiers se fait sous la seule responsabilité de l’utilisateur et soumet ledit tiers aux mêmes prescriptions que l’utilisateur.
  • Si l’utilisateur ne demande pas un devis avant sa commande, il accepte implicitement le prix de vente fixé par l’ACT pour les données commandées.

15.2.5 Den direkten Zougang zu Geodaten iwwert standardiséiert Webservicen

  • De Geoportal stellt eng Rei standardiséiert Webservicen vu Geodaten zur Verfügung, déi dem berechtegten Benotzer den online Zougang zu de Geodaten erlaben.
  • Den Zougang zu de Webservicen kann iwwert e Passwuert geschützt sinn.
  • Den Zougang zu den Geodaten iwwert Webservicen funktionéiert iwwert aktuell Standarden an Spezifikatiounen, am Besonneschen d'ISO Normen an d'Spezifikatiounen WMS, WFS, WCS, CS-W vum Open Geospatial Consortium (OGC).
  • D'ACT an déi aner Liwweranten ginn keng Garantie iwwert de gudde Funktionnement vun de Webservicen mat den Client-Uwendungen beim Benotzer. Bei Problemer bei Zesummespill zwëschemt Webservice a Client-Software kënne keng Upassungen oder Neikonfiguratiounen verlaangt ginn..
  • De Benotzer ass sech bewosst dass d'Benotzung vu Webservicen grouss Dateflëss an grouss Laaschten op de Serveren verursaachen. Hien muss dowéinst oppassen fir iwwerméissegen oder onnëtzen Gebrauch ze verhënneren.
  • Den Zougang zu bestëmmten Webservicen kann eppes kaschten.

15.2.6 Funktiounen fir Liwwerant vu Geodaten, Geoprodukter an Geodaten-Webservicer

  • De Lëtzebuerger Geoportal ass eng national Plattform fir Geodaten, Geoprodukter an Geodaten-Webservicer, déi vun verschidden Liwweranten kommen, auszetauschen.
  • De Geoportal bidd dem Liwwerant eng Rei vu Funktiounen fir
    • Geoprodukter unzebidden
    • Geodaten an de Kaartefënsteren ze publizéieren
    • Informatiounen iwwert Geoprodukter, Webservicer an Geodaten an de Katalogen anzedroen
    • Bestellungen vu Produkter kréien an behandelen
    • Bestellungen ze sichen an ze verwalten
  • D'Funktiounen vum Liwwerant sinn nëmmen iwwert eng Authentifizéierung mat Passwuert erreechbar.
  • D'Benotzung vun de Liwwerantefunktiounen ass gratis.
  • D'ACT iwwerhëllt keng Verantwortung wa Problemeer entstinn zwëschen Client an Liwwerant iwwert eng Bestellung am Geoportal.

15.3 Präiser

  • D'Benotzung vun de Funktiounen am Geoportal ass gratis, mee d'Bestellen vun Produkter oder d'Benotzung vu Webservicen kann mat Käschten verbonnen sinn, sou wéi an den entspriechenden Gesetzestexter an Règlements Grand-Ducaux festgeluegt.

15.4 Verantwortung

  • Andeems hien de Geoportal benotzt, erkennt de Benotzer implizit un, dass d'ACT hiren Verpflichtungen gerecht gëtt wat d'Berodung an Informatioun iwwert d'Haaptcharakteristiken vun de Servicer déi am Geoportal ugebuede ginn, ugeet, an dass d'ACT ausräichen informatesch a kommunikatiounstechnesch Mëttel zur Verfügung stellt, fir dass hien des Servicer notze kann.
  • Och wann ee Support-Service ugebuede gëtt, bedeit dat nit dass eng Verpflichtung besteht a Problem effektiv geléist ze kréien.
  • Weder d'ACT nach den Centre des Technologies de l'Information de l'Etat CTIE iwwerhuelen eng Verantwortung wann d'Uwendung nit disponibel ass oder den Internetréseau nit gutt funktionéiert, respektiv am Fall vu Stéierungen wéinst technesche Problemer iwwert déi si nit d'Maîtrise hunn.
  • Den Zougang op de Geoportal gëtt nit garantéiert. D'ACT behällt sech virun allem d'Recht vir, den Zougang zäitweileg ze blockéieren, zum Beispill fir Maintenance oder bei Sécherheetsproblemer. Des Nit-Verfügbarkeet gëtt kee Recht op Schuedensersatz a kann a kengem Fall iergend eng Verantwortung vun der ACT mat sech bréngen.
  • D'ACT mecht alles wat méiglech ass fir ze verhënneren dass Ugrëff iwwert Internt d'Déngschter vum Geoportal kënnen stéieren oder aneren Schued uriichten, an dass Schuedprogrammer an d'Geoportalinfrastruktur andréngen. Awer et kann dozou keng Garantie gi ginn, an d'ACT ass nit verantwortlech wann wéinst sou Problemer Schued entsteet.
  • D'ACT an den CTIE iwwerhuelen keng Verantwortung an leeschten keen Schuedensersatz bei indirektem Schued wéi z. B. finanziellen a komerzielle Schued, Clientsverloscht, Verloscht vu Maarktundeler, algemeng komerziell Problemer, Käschtenerhéijhung, Gewënnverminderung, Schued vun der Image de marque, Verloscht vun Daten, Dateien oder Programmer déi aus Problemer an den Geoportal-Déngschtleeschtungen oder duerch Benotzen vun Informatiounen déi iwwerdroen ginn, entstinn. E Geriichtsverfahren géint de Benotzer duerch een Drëtten gëtt als indirekte Schued ugesinn, a kann also nit Objet vun Entschiedegungen sinn.
  • D'ACT behält sech d'Recht vir, fir Benotzerkontoen ze spären wann Frauden festgestallt ginn.
  • De Geoportal kann un den individuellen Benotzer an sech Rechter ugepasst ginn. Et ass awer verbueden fir eventuell Fehler am Sécherheetssystem auszenotzen fir Aktiounen duerchzeféieren déi engem nit zoustinn.
  • Den Zougang zum Geoportal geschitt iwwert den Internet. Andeems hien de Geoportal benotzt, erklärt de Benotzer dass hien d'Risiken vum Internet kennt an akzeptéiert. Hien muss sech selwer schützen géint Internet-Piraterie andeems hien eng ugepassten Configuratioun gebraucht, ënnert anerem e Firewall an e Virescanner. Den Lëtzebuerger Staat iwwerhëllt keng Verantwortung bei Schied déi duerch sou Problemer entstan sinn bei der Navigatioun um Geoportal.

15.5 Gesetz

  • Des Benotzungsbedingungen stinn ënnert der Lëtzebuerger Gesetzgebung. Am Fall vun engem Litige sinn nëmmen d'Lëtzebuerger Geriichtsinstanzen kompetent, ausser wann aner, méi héichrangeg legal Dispositiounen eppes Aneschtes festleen.

15.6 Nichtegkeet

Wann eng oder méi Punkten aus desen Notzungsbedingungen als ongülteg erklärt ginn op Grond vun engem Gesetz oder Réglement oder duerch ee Geriichtsuurteel, da behalen déi aner Punkten hir Gëltegkeet.

15.7 Hypertext Linken an gelinkten Websiten

Ausser explizit Erlabnis vum Kadasterdirekter däerf de Geoportal nit, egal op wéi en Manéier, ganz oder deelweis, an eng aner Website agebonne ginn, z.B. iwwert Framing Techniken oder iwwert Hypertext Linken (inlining.

lu/mcg_1.txt · Last modified: 2017/04/10 14:44 (external edit)